01.10.2020
Schoul ass nees un . . .
Endlech ass et ërem sou wäit. D'Schoul huet rëm ugefaang!
Op der Internet-Säit vum Ministère fannt Dir vill Informatiounen zum Thema Covid.
15.07.2020
Molconcours vun der Gemeng
Beim Molconcours vun der Gemeng Schengen hun d'Kanner flott Biller gemolt a si belount gi vun der Gemeng mat enger Klassefriess! Décke Merci!15.07.2020
Schéi Vakanz
Mir wënschen de Kanner an den Elteren eng schéi Summervakanz! Bleiwt gesond!13.07.2020
Den C 4.2 an der Stat
Den C 4.2 war de Freideg mam öffentlechen Transport an d'Stat gefuer, fir Bicher kafen ze goen. En décke Merci un d'Gemeng!
Duerno si mir eng gutt Pizza a natierlech eng Glace iesse gaang...13.07.2020
Klassefriess
Den C 4.2 hat haut an der Pizzeria zu Elweng seng Klassefriess.
Merci Tamara, dass du sou schéi gemolt has. Merci un d'Gemeng fir déi flott Aktioun! 01.07.2020
D'Kanner aus der Spillschoul wore spadséieren
Kuckt d'Fotoen op éiser Klassesäit :)20.06.2020
Mam Velo ennerwee
D’Kanner aus dem C4 ware mam Velo ennerwee. Enneranerem si mir bei d’Plaz gefuer, wou virun e puer Deeg nach d’Wandmille stoung.19.05.2020
D'Schoul geet rem un . . .
Geschwënn ass et esou wäit! De 25. Mee geet d'Schoul rem un!
Op wat d'Kanner oppasse mussen, gëtt an dëse Videon erklärt!19.03.2020
Opgepasst! GROUSSE MOLCONCOURS AN DER GEMENG SCHENGEN!
All d'Kanner aus der Gemeng Schengen kënnen bei engem flotte Molconcours matmaachen!13.03.2020
ARTEC
Hei e klengen Abléck vu verschiddenen Aarbechten vun de Kanner hei zu Elwéng! Eis Atelieren sinn ëmmer ganz flott a mir hu vill Spaass!12.03.2020
Corona
Léif Elteren,
Léif Kanner,
Ab dem Méindeg, 16. März 2020 bleiwen d´Schoul an d´Maison Relais zu Elweng (awer och am Rescht vum Land) fir 2 Wochen zou.
Nom 27. März 2020 gëtt gekuckt, wéi et weider geet.
D´Léierpersonal vun Elweng
09.03.2020
De Wollef deen eng aner Faarf wollt hunn
Eist aktuell Thema: De Wollef deen eng aner Faarf wollt hunn